· 

Retro-Tiseurs Serrouville

Retro-Tiseurs Serrouville


De Weekend vum 21 an 22 Mee hat de Club "Rétro-Tiseurs" hiren 9ten Oldtimer Treffen organiséiert. Bal 500 Autoe woren déi 2 Deeg um Site vun der klenger Flugplaatz bei Serrouville, 15km hannert der Grenz vun Esch Uelzecht.

Wei all Joer gouf et an der Tombola, fir 2 Euro den Lous, een restauréierten Auto ze gewannen, dëst Joer wor dat ee giele Renault 4.

Ee Karussell, Sprangschlass, Oldtimer Bourse, Grill, Buvette, sonnegt Wieder an eng gutt Stëmmung woren Rezept fir ee flotten Treffe fir Grouss a Kleng. Och nächst Joer steet dëse Meeting schonn an eisem Programm an da gëtt et een restau réierte Fiat 500 ze gewannen.

Hei gesi dir en puer Impressioune vun dem flotten Treffen.