· 

Retro-Meuse Lac de Madine

Retro-Meuse Lac de Madine


De Weekend vum 11 an 12 Juni huet de Club „les bielles meusiennes“ op hiren 31ste „Retro meus’auto“ op de Lac de Madine invitéiert.

Dësen Oldtimermeeting ass ee vun deene gréissten a Frankräich an aus der Groussregioun Lëtzebuerg an och mir, esou wei nach vill aner Lëtzebuerger hate mat eisen Autoen de Wee op de Séi fonnt. Méi wei 2000 Autoen, eng Bourse vu bal 100 Stänn, Iessen- a Gedrénksbuden an ee Karussell fir Kanner konnten de ganze Weekend ronn 20.000 Visiteuren trotz dem vereente Samschdeg begeeschteren. Ee Renault Supercinq TC vun 1985 gouf et ze gewannen, Eierenautoe waren dëst Joer Peugeot 203 a 403 an als besonnesch Attraktioun konnt en och eng Ronn dréine mam „Fardier vu Cugnot“. Eng Reportage iwwert de „Fardier vu Cugnot“ fann dir an eise „Specials“ déi nächst Deeg, an hei en puer Fotoe vum Meeting.