· 

Make a Wish Luxembourg

Make a Wish


 „Make a wish a.s.b.l“ ass zënter 4 Joer den Organisateur vum „Concour d’élégance“ zu Mondorf.

De Weekend vum 02 an 03 Juli ware vill Autoen a Motoen am Parc vum Domaine termal ausgestallt. Den Erléis vun dësem Evenement geet integral un Stëftung „Make a wish“ déi schwéier kranke Kanner aus Lëtzebuerg hier gréisste Wënsch erfëllen. Lescht Joer waren et am ganzen 12 Kanner deenen hire Wonsch konnt erfëllt ginn.

Och dëst Joer ware modern an al Autoen, Motoen a vill Stänn duerch de Park verdeelt. Bei guddem Wieder haten och vill Visiteuren, déi de ganze Weekend ee flotten Animatiounsprogramm gebuede kruten, de Wee op Mondorf fonnt. Et goufen och en puer Specials: Ferrari & Friends Luxembourg a.s.b.l haten eng dosen Autoen ausgestallt, den Dragster „Predator“ wousst ze beandrocken an Alfa Romeo war mat villen Autoen op der Platz.

Mir hunn eis dësen Event net entgoe gelooss an iech en puer flott Fotoe matbruecht.