Automania 57 Freistroff

Automania 57 Freistroff


Ee vun deene flottsten a gréissten Oldtimer, Youngtimer a Moto Treffen aus der Groussregioun war de Sonnden 10 Juli zu Freistroff a Frankräich.

De Club Automania 57 Bouzonville huet all Besëtzer mat hiren ale Gefierer an Schlass St. Sixte invitéiert fir ee relaxen Dag mateneen ze verbréngen.

Den Meeting gouf wéinst dem schlechte Wieder op den 10 Juli verréckelt an et huet sech erausgestallt dass dëst eng super Entscheedung war: bei 30 Grad a vill Sonn waren iwwert 1300 Autoen a 4000 Visiteuren op Freistroff komm. Nom Motto „déi schéinsten Däitscher“ sinn dëst Joer 90 Joer Mercedes an 100 Joer BMW gefeiert ginn, awer och Amerikaner ware mat villen Autoe vertrueden.

Eng kleng Bourse, Buvetten an Iessstänn ronderëm Schlass an di vill al Autoen hunn ganz vill flott Fotoen ervirbruecht.