· 

LOF Oldtimer Breakfast 1

LOF Oldtimer Breakfast 1


Zesumme mat hire Sponsoren Hotel Légère, dem Oldtimerbus Georges Carbon an dem Auto Parts Lëtzebuerg organiséiert Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun dëst Joer 3 Oldtimer Breakfast fir all Besëtzer vun ale Gefierer.

Deen éischte war de Sonnde 17 Juli vun 09.00-12.00 Auer virum Hotel Légère zu Mënsbech. Gutt Wieder, eng flott Ambiance an ee leckert Frühstück waren eng perfekt Kombinatioun ewéi dir hei op eise Fotoe kent gesinn.

Mir si sécher den 21.08 beim Oldtimerbus Georges Carbon zu Dummeldeng an den 18.09 beim APL zu Lëtzebuerg erëm dobäi.