· 

Journée vieille carrosserie

Journée vieille carrosserie


Den Train 1900 AMTF (Association des musées et tourisme ferroviaires) huet de Sonnde 24 Juli hier „Journée vieille carrosserie“ organiséiert. An der spektakulärer Kuliss vum Fond-de-Gras waren um ganze Site al Gefierer ausgestallt. Vun 11.00 bis 19.00 Auer konnt ee mat alen Damp- an Diesellokomotiv fueren a gläichzäiteg déi vill Oldtimeren an engem historesche Kader bewonneren. Duerch des Kombinatioun an dat gutt Wieder si vill Visiteuren an de Minett vum Land komm fir ee flotten Dag zesummen ze verbréngen. All Besëtzer vun engem Oldtimer krut een Ticket fir mam Zuch ze fueren an een Iess- a Gedrénksbong deen ee konnt am Buffet de la Gare aléisen. Am Virfeld haten sech schonn divers Cluben ugemellt: DKW Club, Kàfer Club, Renault Oldie Frënn, Frënn vum ale Stater Bus, Bus 24 asbl, Post Musée a Frënn vum aale Buttek. Et war ee gelongent Treffe wéi dir op eise Fotoe kent gesinn.