· 

Vintage Cars&Bikes Steinfort

Vintage Cars&Bikes Steinfort


Et war déi 4 Editioun vum Vintage Cars & Bikes Stengefort déi de Weekend vum 06 a 07 August stattfonnt huet. Organiséiert vum Vintage Cars & Bikes Mechanical Freaks Stengefort an Zesummenaarbecht mam Club des Jeunes Hoen/Klengbetten, dem Centre d’Incendie et de Secours an der Entente des Sociétés vun der Gemeng Stengefort.

Des Expo/Bourse huet sech an deene leschte Joren zum gréissten an erfollegräichsten Treffe vu Lëtzebuerg entwéckelt, wat méi wéi 7000 Visiteuren, vill Verkafsstänn an 900 ausgestallten Autoen, Trakteren a Motoe ronderëm de Centre Roudemer beweisen.

Och mir konnten eis Sonndes vun der flotter Ambiance an der gudder Organisatioun iwwerzeege wéi dir hei op eise Fotoen an am Interview op RTL gesitt.