· 

LOF Oldtimer Breakfast 3

LOF Oldtimer Breakfast 3


Och déi 3ten Editioun vun der LOF (Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun) hirem mëttlerweil fest etabléiertem Oldtimer Breakfast war een groussen Erfolleg: iwwert 80 Oldtimer haten sech Sonndes den 18 September vun 09.00-12.00 Auer beim APL (Auto-Parts Lëtzebuerg) zu Zéisséng getraff fir zesummen ze frühstücken. Den Familljebetrib deen schonn méi wei 50 Joer besteet an och Sponsor ass vun der LOF hat sech vill Méi gemaach an hiert Geschäft kuerzerhand an eng Buvette verwandelt: Mëtschen, Bréidercher an Kaffi goufen deenen villen Visiteuren offréiert an och un Sëtzgeleeënheeten hat een geduecht. Et huet eis wei ëmmer gefreet dass mir dobäi waren vill néi Léit kennen ze léieren vill ze schnëssen an gutt ze Iessen an mir sinn elo schonn gespaant op den leschten Breakfast fir dëst Joer zu Esch an der Akafsstrooss beim „Maison de Coiffure et de Beauté ByTun“.

An eiser Fotosgalerie weisen mir iech eis Impressiounen vun dësem Breakfast.