· 

Rotary Indian Summer Rallye

Rotary Indian Summer Rallye


Et waren 3 Rotary Veräiner aus Däitschland, Frankräich an Lëtzebuerg déi sech zesummen gedoen hunn fir deen éischten Charity Rallye Rotary Indian Summer ze organiséieren: den Rotary Club Trier-Porta, den Rotary Thionville Porte de France an den Rotary Club Bascharage Kordall.

Am ganzen 62 Oldtimer, Sportsween an Cabrioleten hunn den Sonnden 18 September een flotten Tour gebueden kritt: lass goung et Moies ab 07.30 Auer zu Treier bei der „Alten Färberei“ wou Kaffi an Croissanten zerwéiert goufen, Kontroll vun den Dokumenter gemaach ginn ass an jiddereen säin Roadbook krut.

Nom Briefing war dunn um 09.00 Auer den Depart vun dem éischten Auto Richtung Thionville wou et dann Mëttegiessen gouf iert dunn déi zweet Etappe vun Thionville op Bascharage gefuer ginn ass. Géint 17.00 Auer koumen déi éischt Autoen op der Arrivée am Bommertbësch un wou mir live dobäi waren an iech en puer Fotoen matbruecht hunn.

No der Präisverdeelung gouf nach gegrillt an festgehalen dass deen nächsten Charity Rallye Rotary Indian Summer nächst Joer den 17.09 stattfend.