· 

Autojumble LOF

Autojumble LOF


Leschte Weekend hate méi wei 6000 Visiteuren de Wee an Luxexpo fonnt fir den alljährlechen Autojumble ze besichen. Am ganze 96 Stänn vu Cluben, Händler, Associatiounen a Shoppen hate Geleeënheet genotzt sech dem Publik ze presentéieren.
Ee vun den Highlighte vum Weekend war Ausstellung "65 Joer Pegaso". Vun dëse schéinen, deieren a raren Oldtimer waren der 4 ausgestallt, 2 koumen aus der Belsch an 2 aus Spuenien. Offiziell gouf Pegaso Ausstellung mat enger Konferenz iwwert Geschicht vun dëse seelenen Autoen um Samschden de Moien ageweit. Ee weidert Evenement gouf et um Stand vun de Stater Bussen: den "Bus 67" huet 20 Joer Bestoe gefeiert an natierlech huet do ee Kuch net dierfte feelen.
Déi schéinste Stänn vun dësem Joer ware laut Jury den ACL, op zweeter Platz den MG Car Club an déi drëtt Platz goung un de Porsche Classic Club.
Iddi vun der LOF fir een extra Parking mat 50 Platzen ze reservéiere fir Oldtimer hat grousse Succès, esou dass Visiteure scho virun der Luxexpo eppes gebuede kruten.  Alles an allem war et een erfollegräiche Weekend: nei Kontakter, vill Frënn erëmgesinn, gutt Gespréicher a vill nei Terminer an eisem Kalenner. Mir soen op dësem Wee der LOF an och eise Sponsoren "Soundselection" an der Usträaicherfirma „Bertholet et Fils“ ee grousse Merci.

An fir iech hunn mir de ganze Weekend vill Fotoe gemaach.