· 

Vespa Club Roude Léiw

Vespa Club Roude Léiw


De Vespa Club Roude Léiw feiert dëst Joer hiert 5 järegt Bestoen a fir dëst ze feiere gëtt et vum 23 Mäerz bis den 08 Abrëll eng Expo an der Belle Etoile.
Iwwer 120 Vespaen a Gefierer vun de 50er Jore bis haut kënne Visiteure bestaunen:
vill verschidde Modeller, Faarwen an och méi rar Vespae sinn an der Mall vun der Belle Etoile flott a Szene gesat.
Mir ware schonn den 22 Mäerz beim Opbau dobäi wou ganz vill vun deenen 150 Membere vum Club gehollef hunn. Op der offizieller Aweiung huet de President Dan Dos Santos de Proprietaire vun hirem Clubhaus Vespanascht geéiert an ee grousse Merci ausgesprach.
Eise Fazit: ee grousse Club mat „klengen“ Gefierer, vill motivéiert Memberen déi sammelen, restauréieren an zesumme fueren an ee President deen dëse Club nach sécher ganz vill Joren um Liewen hält.
Wei dir hei op eise Fotoe gesitt lount et sech bis an Belle Etoile kucken ze goen a mam President oder de Memberen iwwert déi ausgestallte Vespaen ze schnëssen.