· 

Retromoteur Ciney

Retromoteur Ciney 2017


Fir déi 29ten Kéier huet an der Ciney Expo vum 03.06-05.06.2017 déi gréisste Bourse vun Oldtimer an ale Motoen hier Dieren opgemaach.
Lescht Joer ware méi wei 20.000 Visiteuren op Retromoteur Ciney komm an och dëst Joer wäert et net anescht sinn: méi wei 500 Aussteller op 35.000m2 mat allem wat Oldtimerfuerer brauchen: Occasiounen, Ersatzdeeler, Dokumentatiounen, Miniaturen an nach vill mei. Fir Iessen an Drénken ass och beschtens gesuergt.
Eise Fazit: Nëmmen 1 Stonn 15 Minutte vu Lëtzebuerg ewech an de Wee lount sech op alle Fall. Fir 15 Euro Entrée pro Persoun kritt ee vill gebueden: Verkafsstänn, flott Autoen, gutt Ambiance an ee Parking direkt virun der Expo wou een och Oldtimer vun deene ville Visiteure bewonnere kann. Mir si secher nächst Joer nees dobäi. An hei en puer Fotoe fir iech ee klengen Androck vun dëser interessanter Bourse ze ginn.