· 

LOF Oldtimer Breakfast 1535 Creative Hub

LOF Oldtimer Breakfast 1535 Creative Hub


Den "HUB créatif 1535°", dee fréieren ARBED Site zu Déifferdeng war dëse Sonnden Treffpunkt fir deen zweeten Oldtimerbreakfast vun dësem Joer. Bei schéinem Wieder haten 190 Oldtimer, Motoen a Busser sech versammelt fir en flotte Moien an enger impressionnanter Coulisse ze verbréngen. Der LOF hire Sponsor F'Créations huet dofir gesuergt dass och jiddereen eppes fir z'iessen an ze drénke krut. Wéi all Breakfast konnt een och eppes spende fir den Télévie a fir all Gefier wat präsent war leet LOF nachmol 1 Euro an Spendecaisse. Et war ewéi ëmmer eng super Organisatioun, ee wonnerbare Site, flott Oldtimer a vill Visiteuren op dësem gelongene Breakfast. Et lount sech deen nächsten an de Kalenner anzeschreiwen: de Sonnde 16.07 vun 09.00-12.00 Auer zu Reisdorf bei US Car Import a bis dohi wënsche mir iech vill Spaass mat eise Fotoen.