· 

Journée vieille carrosserie

Journée vieille carrosserie


Fir déi 4ten Kéier huet de Minettpark Fond-de Gras hier "Journée vieille carrosserie" organiséiert. Virun der historescher Kuliss vum Fond-de-Gras an dem Train 1900 ware méi wei 150 Oldtimer, Motoen an Trakteren ausgestallt. "Frënn vum ale Stater Bus", de "Post Musée" an "Frënn vum aale Buttek" waren nëmmen en puer vun deene ville Participanten dei sech schon am Viraus ugemellt haten. All Besëtzer dee mat sengem ale Gefier komm ass krut och dëst Joer een Ticket fir mam Train 1900 ze fueren an Iess- a Gedrénksbongen.
Dat gutt Wierder huet de Sonnden 23 Juli och vill Visiteuren ugezunn fir ee flotte Familljendag am Fond-de-Gras ze verbréngen an dobäi och nach vill flott Oldtimer ze bewonneren.
Mir waren natierlech och dëst Joer dobäi an et war wei ëmmer ee gelongent Treffen a mir sinn och secher nächst Joer erëm present. An hei en puer Impressioune vun dem schéinen Dag.