· 

LOF Oldtimer Breakfast Arnold Kontz Group

LOF Oldtimer Breakfast Arnold Kontz Group


25 Joer Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun an dee lëschte Breakfast vun dësem Joer, besser kann een Oldtimersaison 2017 net ofschléissen.

Dat hu sech och déi vill Oldtimerfuerer den Sonnden 15 Oktober geduecht well méi wei 250 Gefierer hate sech zu Niederkour am ZAC Haneboesch II bei der Garage Arnold Kontz Groupe Rendezvous ginn fir zesummen ze frühstücken an ze schnëssen.

Och vill Visiteuren waren komm fir Oldtimer ze bestaunen an LOF hat ee scheinen an leckeren Gebuertsdagskuch organiséiert fir hiert Jubiläum ze feieren. Ee gelongenen Ofschloss, eng Spend un Mierscher Kannerduerf an Verspriechen dass mir eis all am Freijoer remgesinn op dem nächsten Breakfast, waren Resultat vun engem ganz flotten Moien.
Mir freeën eis schon drop an bis dohin vill Freed mat eise Fotoen.