· 

Oldtimerday Luxembourg

Oldtimerday Luxembourg


De Sonnden 17 September war deen éischten nationalen Oldtimerday zu Lëtzebuerg. An Liewe geruff gouf dësen Dag vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun LOF.
Duerch ganz Land ware vill Veranstaltungen ronderëm al Autoen, Motoen an Trakteren. Sechs verschidde Rallyen an Touren goufen gefuer: de Quadriga Hierschttour mat ale Militärween, AMAL mat hirer Mototour, de Käfer Tour, Rotary Indian Summer, Fiat 500 Rallye Surprise an den ACL Hierscht Tour.
Och vill Muséeën haten dee Sonnden hier Dieren opgemaach fir Oldtimerfans ze begeeschteren: de Conservatoire National de Véhicules Historiques, Oldtractor Stengefort, de Musée des Tramways et des Bus de la Ville de Luxembourg an de Musée de l’ardoise Martelange.
Verschidde Sponsore vun der LOF haten sech flott Saachen afale gelooss fir hier Betriber de Léit ze presentéieren, ënnert anerem waren dat den APL Autoparts Luxembourg, den Hotel Légère, de Saxer Open Day zu Ermsduerf, de Marc Pesch wou een de Beruff vum Suedler gewisen krut an eng Porte Ouverte an der néier Garage Classic Workshop zu Déifferdeng.
Dräi grouss Oldtimertreffen hun deen Dag natierlech net dierfte feelen: der LOF hiren traditionellen Breakfast, den Let’z meet Oldtimers vum Letzbug an deen eischte Stroossen Classics.
Mir hu versicht op esou vill Platze wei méiglech Fotoen maachen ze goen a well déi meeschten Touren an Rallyen um Breakfast oder um Stroossen Classics waren, ass et eis gelongen vill schéi Gefierer virun Lëns ze kréien.
Eise Fazit vum Oldtimerday Lëtzebuerg: eng flott Initiativ mee leider bal onméiglech alles ze gesinn oder iwwerall dobäi ze sinn. Den Depart vum Fiat Rallye Surprise bei der Garage Autopolis war eisen éischte Stop iert mir op de Breakfast vun der LOF gefuer sin. Dëse war dës Kéier an der Peugeot Garage zu Bissen an et waren méi wei 180 Gefierer present an och de Quadriga Hierschttour an de Käfertour haten hiren Depart um Breakfast.
Duerno goung et op den Stroossen Classics. Et war déi éischte Kéier dass dësen Event am Zentrum vun Stroossen stattfonnt huet. Mat mei wei 450 Gefierer war dëst Treffen ee vollen Erfolleg an och den Rotary Indian Summer an den ACL Hierscht Tour hun een Stop um Stroossen Classics gemaach. Déi eenzel Autosmarken waren unhand hiren Länner op diverse Parkingen ausgestallt, Concerten goufen gespillt an och fir Iessen an Drénken war beschtens gesuergt.
Bei guddem Wierder haten och déi vill Visiteuren interessant an aussergewéinlech Gefierer ze kucken.
Alles an allem war et een erfollegräichen Dag fir letzeboier Oldtimerszene a mir sinn gespaant op den Oldtimerday 2018. Vill Spaass mat eise Fotostrecken vun deenen verschiddenen Events.