· 

International Motor Show

International Motor Show 2017


Euro Racing Show, haut International Motor Show genannt, bléckt op 20 Joer Bestoen zréck. Vum 17 bis den 19 November konnten all Auto- a Motobegeeschtert sech Rendezvous ginn an der The Box besser bekannt Luxexpo um Kierchbierg.
Fir jiddereen war eppes dobäi: al an aktuell Sports- an Rennautoen, Karting, Tuning an awer och néi Modeller an Oldtimer.
Natierlech duerfe speziell Virstellungen op zwee a véier Rieder net feelen: um Parking vun der The Box goufen Driftshowen gewisen an dobannen Stuntshowen mat Motorrieder. esou dass all Fans vum Auto- an Motorsport op hier Käschte koumen.
Mir waren fir iech op International Motor Show och wann net nëmmen Oldtimer do waren well mir esou een grousst Evenement mat esou ville Visiteuren net wollte verpassen an dës Veranstaltung hei zu Lëtzebuerg een Muss ass fir all Automobilfans.