· 

Car-Sonndeg-Oldtimer om Moart

Wat gëtt et Besseres wei een Oldtimertreffe fir ganz Famill op Ouschtersonndeg? Dat hunn sech wahrscheinlech och Léit vun engem Projetsgrupp „Belebung des öffentlichen Raums“ vum Stadmarketing Iechternach geduecht an ee flott Treffen mam Numm „Car-Sonndeg-Oldtimer om Moart“ an Liewen geruff.

All Zorte vun Oldtimer konnten den 01 Abrëll op Maartplaz am Zentrum vun Iechternach kommen. Trotz dem wiesselhaften Wierder waren ganz vill Visiteuren komm fir iwwert de ganzen Dag méi wei 100 Oldtimer vun al Mark an all Alter ze bestaunen.

Iechternacher Pompjee hu fir Gedrénks gesuergt an haten och hiren alen Asazwon aus den 50er Jore matbruecht mat dem si bis Joer 2000 nach Asaz gefuer sinn. Kanneranimatioun an Iessstänn hunn och net dierfte feelen.

Eise Fazit: eng gutt Organisatioun mat engem super Team, eng historesch Kuliss, eng gutt Iddi an een Treffen fir sech elo schon ze notéieren fir déi nächst Saison.