· 

Oldtimer fir den Télévie


Dëst Joer war Gemeng Beetebuerg ee vu fënnef „Centre de promesses“ fir den Télévie. An dem Kader haten mir als Old-Rides.lu a.s.b.l. spontan ee klengt Oldtimermeeting zu Beetebuerg am Schoulhaff organiséiert.
De ganzen Dag iwwer waren bal 80 Oldtimer eis besiche komm an et huet eis riseg gefreet dass dir eis all ënnerstëtzt hutt. Jiddereen konnt och nach eppes an eis Télévie Këscht geheien an esou kommen 339,50 Euro zesummen. Mir hunn als a.s.b.l. Zomm opgeronnt a konnten esou 500 Euro un den Télévie spenden.
Op dësem Wee soen mir och eise Sponsoren AXA, Garage Kieffer, VIP Station, Street Parts, Stroossen Claasics ee grousse Merci fir déi flott Gadgeten déi eis et erméiglecht hunn jidderengem eng flott Tut als Kaddo ze maachen.
An hei en puer Andréck vun eisem éischten Treffen.