· 

Randonnée Fiat 500


Eng ronn 30 Fiat 500/600 an 126, summerlech Temperaturen an eng flott Streck duerch Lëtzebuerg an Däitschland waren déi perfekte Mëschung fir dem Fiat 500 Club hire Fréijoerstour.
Lass goung et de Sonnden de Moien 06.05 bei der Garage Autopolis mat engem Frühstück fir gestäerkt un den Depart Richtung Musel ze fueren. Laanscht Weinstrooss eriwwer an Däitschland wou deen éischte Stopp geplangt war: am „Weingut Boesen“ zu Palzem gouf et en Aperitif iert et dunn weider gaangen ass op Orscholz fir Mëttegiessen am „Cloef-Atrium“. Am spéiden Nomëtteg konnt dunn jiddereen heem fueren wéini en wollt.
Mir hunn dëse sympathesche Club op engem Deel vun hirem Tour mam Fotoapparat begleet.

www.fiat500.lu  www.autopolis.lu