· 

Wonschstär Vintage Treff


De Sonnden 24 Juni hunn Vintagefrënn vu Munneref zesummen mat der Fondatioun Wonschstär hiren éischten Oldtimermeeting organiséiert.
Bei der Sportshal Roll Delles zu Munneref waren den ganzen Dag all Oldtimer, Motorrieder an Trakteren wëllkomm fir ee flotten Dag mateneen ze verbréngen.
De ganze Benefice deen op deem Dag duerch Iessen, Gedrénks erakomm ass, fléisst ganz an der Fondatioun Wonschstär hir Projeten.
Mir ware Moies bis op Munneref luussen an hunn iech en puer flott Fotoen vun dëser éischter Editioun vum Vintage Wonschstär Treffen matbruecht.

www.wonschstaer.lu/