· 

32. US Car Festival by American Roadrunners Luxembourg


Stadbriedemes huet sech de Weekend vum 29 Juni bis den 01 Juli an een amerikanescht Duerf verwandelt: American Roadrunners Lëtzebuerg hunn op hiren 32sten US Car Festival agelueden.
Nieft deene méi wei 700 Oldtimer, Motorrieder, Hotrods, Custom Cars a Sportsween goufen et och amerikanesch Verkafsstänn an Iessbuden.
Live Musek vun de Gruppen „Gaasserock Blues Band“, „Dan Cash feat. Sandy and the wombats“ an „Hill Cats“ hunn den ganze Weekend fir den amerikanesche Feeling ënnert deene méi wei 3500 Visiteure gesuergt.
Präisverdeelung an deene verschiddene Kategorien stoung Sonndes Mëttes ab 15 Auer um Programm.
Eise Fazit: een internationalen amerikanesche Festival mat ville flotten an extraen Gefierer, gudder Stëmmung a spezielle Verkafsstänn. Mir hunn eis gefreet bei dem wonnerschéine Wierder dobäi gewiescht ze sinn an hoffen dass duerch eis Fotoen den amerikanesche Feeling vun dësem Festival eriwwer kënnt.

www.arl.lu