· 

History on wheels - 30 Joer Käfer Club Lëtzebuerg


De Sonnden 15 Juli gouf et eppes ze feieren: op den Dag genau virun 30 Joer ass de Käfer Club Lëtzebuerg gegrënnt ginn. De Club huet fir dëse spezielle Gebuertsdag een Oldtimertreffen zu Iechternach um Parking "Kack" organiséiert. Iwwert de ganzen Dag gouf et Animatioun, Iessen an Drénken an déi vill Visiteure konnte flott Gefierer bestaunen. Moies stoung och eng Ausfaart mat Roadbook duerch eist Ländchen um Programm an et gouf gratis Kaffi a Croissanten dir jiddereen den sech am Viraus ugemellt hat.
Eise Fazit: ee gelongent Treffen mat ville Gefierer, eng super engagéiert Equipe an eng gutt Stëmmung och wann mir leider aus organisatoresche Grënn méi spéit wei geplangt op Treffe komm sinn. Mir hunn iech awer en puer flott Fotoen vun dësem Gebuertsdag matbruecht.

www.kaefer.lu/