· 

Lof Oldtimer Breakfast Oldtractor Steinfort


Et war kloer dass och dee 4ten LOF Oldtimer Breakfast ee risegen Erfolleg géif ginn an esou hunn sech de Sonnden 19 August méi wei 200 al Gefierer op de Wee bei Oldtractor Steinfort gemaach fir zesummen ee schéine Moien ze verbréngen. Mat Kaffi, Gedrénks a Mëtschen goufen Oldtimerfuerer verwinnt a konnten déi flott Garage vun Oldtractor bestaunen.
Eise Fazit: de Breakfast ass all Mount een Highlight op eisem Kalenner a mir hunn bis elo kee verpasst. Dëse Breakfast ware mir besonnesch frou esou eng flott an interessant Location ze hunn: vu Baggeren, Sand bis hin zu Zillen war alles dobäi an esou sinn eis Fotoen dës Kéier bëssen anescht well den Hannergrond wierklech flott war. Leider konnten dës Kéier net all Autoen op de Site erop well einfach keng Platz méi do war esou dass och nach vill Oldtimer op der Strooss stoungen. Mir invitéieren Iech elo schonn op deen nächste Breakfast um Oldtimerday de 16 September zu Déifferdeng am Hanneboesch wou mir am Optrag vun eisem Sponsor Axa ee Fotoshooting maache fir all Participanten.

 

www.lof.lu  Oldtractor Facebook