· 

Oldtimerday - Ale Pompjees Schapp Senneng

Den Oldtimerday ass natierlech och do fir néi Saachen ze entdecken an esou ass et eis en Samschden gaange mam Pompjeesmusée. Zënter dem 28 Juni 2017 ass zu Senneng den "Ale Pompjeesschapp", ee klenge Musée iwwert Geschicht vun eise Pompjeeën.
Aus der aler Molkerei huet de fréiere Pompjeeskommandant Gilbert Sauber ee Musée gezaubert mat villen Ausstellungsstécker vun him selwer a private Léit déi Geschicht vun de Pompjeeë säit dem 1900 Joerhonnert dokumentéieren.
Extra fir den Oldtimerday waren och en puer speziell al Pompjeesween am Haff vun der aler Molkerei ausgestallt an esouguer Kollegen aus dem "Feuerwehrerlebnismuseum Hermeskeil" ware mat zwee Ween bis op Lëtzebuerg komm.
Ee flotte klénge Musée dee mat vill Häerz ageriicht ass an op klengstem Raum enorm vill interessant Ablécker an Entsehungsgeschicht vun de Pompjeeë gëtt. Op alle Fall ee Besuch wäert.

 

Ale Pompjees Schapp Senneng

 

www.feuerwehr-erlebnis-museum.de/