· 

Oldtimerday - Lof Oldtimer Breakfast & Retromobile

Am ZAC Haneboesch zu Déifferdeng war de Sonnden um Oldtimerday direkt zwee Treffen op der selwechter Platz: de LOF Oldtimer Breakfast an de Retromobile.
Dëse Breakfast gouf dës Kéier organiséiert vun Axa zesumme mat der Arnold Kontz Group. Et gouf fir jidderee gratis Kaffiskichelcher an herno ee schéinen a leckere Kuch vum Yves Rieffer. Léit konnten och mat hirem Auto duerch den Drive-in Service vun der Garage Kontz fuere fir dann vun eis geknipst ze ginn an eng Foto als Souvenir geschéckt ze kréien.
De Käferclub Lëtzebuerg huet sech och um Breakfast getraff fir zesummen een Tour duerch de Süde vum Land ze fueren, hiren Depart hunn mir och festgehalen.
Wéi vill Autoe genau do ware kann een net soe well déi zwee Treffe jo zesumme waren.
Eise Fazit: eng gutt Kooperatioun an Organisatioun vum Retromobil an ee flotte Breakfast.

 

www.lof.lu