· 

Cars & Coffee #6 Bibi's Garage

De Bibi an seng Equipe hunn sech et och dëst Joer net entgoe gelooss de Sonnden 30 September den Ofschloss vun der Saison an hirer Garage ze organiséieren. Bei wonnerschéinem sonnege Wieder waren och vill Letzeboier op Audin-le-Tiche komm fir un dësem klenge familiären Treffen deel ze huelen. De Footballclub Red Angels vu Rédange waren och dëst Joer erëm zoustänneg fir Restauratioun ze maachen. Eise Fazit: et mécht ëmmer erëm Spaass bei de Bibi ze goen wéinst der super Ambiance, dem leckeren Iessen, interessante Gespréicher a natierlech deene ville haaptsächlech amerikaneschen Oldtimer.

 

Facebook Bibi's Garage

Facebook Red Angel Football