· 

Inter Classics Maastrich

Een éischte Virgeschmaach op Oldtimersaison 2019 war de Weekend vum 10-13.01 zu Maastricht am MECC: déi 26ten Editioun vun der InterClassics Maastricht. Eng vun deene gréissten Oldtimerfoiren aus Europa huet och dëst Joer erëm iwwert 30.000 Visiteuren empfaangen.
Nieft deene villen Händler, Restaurateuren a Verkafsstänn fënnt och all Joer eng Oldtimerauktioun statt. Dëst Joer huet dat britescht Auktiounshaus COYS déi gréissten Auktioun an der Geschicht vun InterClassics Maastricht organiséiert, souguer een Oldtimer deen dem Phil Collins gehéiert huet ass versteet ginn.
Eng speziell Ausstellung gëtt et och all Joer zu Maastricht an Thema 2019 war Mark Lancia (La Grandezza della Lancia): an Zesummenaarbecht mat verschiddene Muséeën, dem hollänneschen a belsche Lancia Club sinn op der Foire Highlighten aus der 100 järeger Geschicht vu Lancia presentéiert ginn.
Mir ware fir iech op Maastricht a MECC kucken an hunn iech en puer Fotoe matbruecht.