· 

Autojumble


Endlech ass et erëm souwäit: Oldtimersaison huet wei all Joer mam Autojumble ugefaangen.

 

De Weekend vum 9 bis den 10 Mäerz huet LOF zesumme mat de Veräiner, Garagen an Händler all Oldtimerfans an Luxexpo the Box invitéiert.

 

Jiddereen hat sech vill Méi ginn an sech originell Saachen an Themen fir hir Stänn afale gelooss esou dass déi vill Visiteure vill Freed haten déi vill Oldtimer a Youngtimer ze bewonneren.

 

Um Haaptstand vun der LOF huet sech dëst Joer alles em de Ford Capri gedréint well dëse 50 Joer gefeiert huet. Genau ewéi deemools huet de Capri Club Presentatioun vun dem éischte Ford Capri nogestallt.

 

Dobausse virun der Hal gouf et och nees ee Parking fir Oldtimer och wann duerch Wierder bedéngt net esou vill Gefierer do waren.

 

Sonndes Mëttes goufen dunn och déi schéinste Stänn gewielt: un éischter Platz war de British Sports Cars Owners Club Lëtzebuerg, zweete gouf Jugend vum Collectionneurs de Véhicules Militaires vu Steesel an op der drëtter Platz war den TVR Club Lëtzebuerg.

 

Old-Rides.lu war och dëst Joer mat engem Stand dobäi a mir sinn enorm frou a stolz dass mir esou vill Besuch op eisem Stand haten an dofir soe mir jidderengem vun iech ee grousse Merci a mir wënschen iech vill Spaass mat eise Fotoen a freeën eis op eng erfollegräich Oldtimersaison.

 

www.lof.lu