· 

Lof Oldtimer Breakfast Pavillon am Brill Mamer

Den traditionelle Breakfast vun der LOF hire Sponsoren huet de Sonnden 21 Abrëll mat engem grandiosen Opening gestart: méi wei 250 Oldtimer waren zu Mamer beim Pavillon am Brill zesumme komm fir ee relaxe Moie mateneen ze verbréngen.
25 Grad, vill Sonn, eng super Ambiance mat Musek, Kaffiskichelcher a Kaffi, esou hunn Oldtimerfuerer hiren Ouschtermoien zesumme genoss. Et war einfach schéi jiddereen erëm ze gesinn no dem laange Wanter a mir freeën eis och dëst Joer vill flott Fotoe fir iech ze maachen. Hei sinn eis Impressioune vum Breakfast zu Mamer beim Pavillon am Brill an denkt drun deen nächste Breakfast ass den 19 Mee am Golf & Country Club Christnach.

 

www.lof.lu     Pavillon am Brill