· 

Car-Sonndig - Oldtimer om Moart

Nieft dem Breakfast gouf et op Ouschtersonndeg awer och nach een anert Treffe wat dëst Joer déi zweete Kéier stattfonnt huet: Car-Sonndig-Oldtimer om Moart zu Iechternach. An dem Grupp "Belebung des öffentlichen Raums" vum Stadtmarketing Iechternach hiert Konzept ass och nees voll opgaangen: méi wei 200 al Gefierer haten sech iwwert den Dag verdeelt an der schéiner Alstad versammelt fir sech deene ville Visiteuren ze weisen. Doduerch dass dëst Treffen esou no un der däitscher Grenz leit waren och vill vun eisen Noperen op Iechternach komm an och vill Touristen aus anere Länner waren do. Organisatioun war top, Wierder natierlech och an esou war déi zweet Editioun vum Car Sonndig ee vollen Erfolleg wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn.

 

https://www.stadtmarketing.lu