· 

Afterwork Stroossen Klassik by Capital at Work

Als lokale Veräin vu Leideleng hu mir natierlech net dierfte feelen um Stroossen Klassik hirem 3ten Afterwork vun der Saison bei Capital at Work. Organisatioun vun dësem Event war dank der Equipe vu Stroossen Klaasik an Zesummenaarbecht mat Capital at Work wei ëmmer top. An dat hunn déi vill Léit mat hire méi wei 80 Oldtimer konnten de Freiden 17 Mee vu 17 bis 21 Auer erliewen: gutt Iesse vu Foodtruck Foodbox, Gedrénks vu Boisson Heintz a Fox Béier an als Ofschloss eng gutt Zigar vun El Africiando fir den Owend auskléngen ze loossen.
Ee gelongenen Owend mat enger flotter Fotostreck.

 

https://www.stroossen-klassik.lu/   https://www.capitalatwork.com/