· 

5. MIB Rallye

Ënnert dem Motto "MIB-Men in Benz" fënnt zanter 5 Joer ee Rallye fir all Mercedes Fuerer statt: egal op Sportsmaschinn, Oldtimer, Youngtimer, AMG oder Eenzelstécker, all Gefier mat Stär kann sech umellen an dëse spezielle Rallye mat ville Spiller, enger flotter Stréck an Animatioun matfueren.

Lass goung et dëst Joer de Freiden 14 Juni wou sech Participanten all zu Köln am Motorword getraff hunn an och den Depart vun den Teams Samschdes Moies war. Een Highlight um Tour war sécher de Besuch bei Carlsson zu Saarlouis iert et dunn bei Merbag op Hollerech gaangen ass wou mir fir iech en puer Fotoe gemaach hunn fir iech ee klengen Androck vun dësem flotten Event ze ginn.

No enger Nuecht hei zu Lëtzebuerg goung et dunn Sonndes als Ofschloss op den Nürburgring fir Präisverdeelung an ee gemeinsamt Ofschlossiessen. Mercedes ënnerstëtzt mat dëser Rallye Organisatioun "Drive for good": vun all Umeldung ginn 100 Euro"gespent.