· 

2nd Summer Tour - Strossen Klassik

Eng Reportage a Fotostréck vum lëschte Weekend feelt nach: de Stroossen Klassik Summer Tour. Ee flotte Rallye organiséiert vum Pit a senger Equipe duerch eist Ländchen mat engem kuerze Stopp hei vir an Däitschland fir Mëttegpaus.

Den Depart fir déi Ronn 60 Oldtimer a Youngtimer war Moies zu Bartreng am Centre Atert. Duerno goung et Richtung Miersch, laanscht Musel bis bei Schlass "Niederweiss" wou dunn Mëttegpaus gemaacht gouf. De Käferclub war fir Kontrollpunkten zoustänneg. Arrivée war um Good Year Circuit wou all Participant konnt en puer Tier dréinen an als Ofschloss eng Parade matfueren.

Zum Schluss goufen nach Gewënner vum Rallye bekannt ginn. Ee flotten Tour mat schéine Gefierer dee ganz gutt organiséiert war.

 

www.stroossen-klassik.lu/