· 

33. US Car Festival by American Roadrunners Luxembourg

Fir déi 33sten Kéier hunn "American Roadrunners" dat gréissten amerikanescht Treffen aus der Groussregioun organiséiert. Vill Visiteuren a Participanten aus Lëtzebuerg an eisen Nopeschlänner haten sech zu Stadbriedemes Rendez-vous gi fir ee schéine Weekend mat sonnegem Wierder zesummen ze verbréngen. Wei all Joer waren och vill Verkafsstänn do, Kanneranimatioun an natierlech Live Concerten. Sonndes goufen dunn och vill Präisser fir verschidde Kategorië verginn.

Mir ware Samschdes fir iech op der Platz fir Fotoen ze maachen a soen op dësem Wee den American Roadrunners ee grousse Merci fir Invitatioun.

 

www.arl.lu