· 

Oldtimer Parade

De Sonnde 14 Juli war déi 7ten Oldtimer Parade zu Réimech. Et konnten sech am ganzen 90 al Gefierer umelle fir sech op der Esplanade deene villen Touristen a Visiteuren ze presentéieren. Jidderee konnt och um Concours d'élégance deelhuelen an all Visiteur konnt mat ofstëmmen. Um 16 Auer war Präisverdeelung. Dat ganzt gouf organiséiert vum "Syndicat d'Initiative et de Tourisme de la Ville de Réimech".

Mir waren déi éischte Kéier zu Réimech mat dobäi an hunn iech en puer flott Andréck vun dësem Treffe matbruecht.

 

www.si-remich.lu/