· 

Journée vieille carrosserie

De Sonnden 28 Juli war um Fond de Gras erëm Journée des vieilles carrosserie an och dëst Joer war et trotz dem onbestännegem Wierder ee groussen Erfolleg. Et ass eent vun den Treffen hei am Land mat deene meeschte Visiteure well et einfach eng wonnerbar Location ass fir ee flotten Nomëtteg mat der ganzer Famill ze verbréngen an dobäi nach schéin Oldtimer ze bewonneren. Wei all Joer war fir Iessen an Drénke beschtens gesuergt a jidderee konnt och mam Train 1900 oder mat der Minièresbunn een Tour maachen. Fir eis ass et och ëmmer erëm schéi Fotoen ze maache well et einfach wonnerschéin do ass a wann dann nach vill besonnesch Oldtimer do sinn dann entsteet esou eng Fotostréck wei dëst Joer.

 

minettpark.lu/