· 

Vintage Cars & Bikes Steinfort

Et ass a bléift dat erfollegräichsten a gréissten Oldtimertreffen aus Lëtzebuerg: de Vintage Cars & Bikes Stengefort. All Youngtimer, Oldtimer, Trakter a Motorrieder sinn all Joer deen éischte Weekend am August agelueden op Stengefort an de Centre Roudemer ze kommen. Hannert der super Organisatioun stinn Vintage Cars & Bikes Mechanical Freaks Stengefort an Zesummenaarbecht mam Centre d'Incendie et de Secours Stengefort, dem Club des Jeunes Hoën/Klengbetten an der Entente vu Stengefort. De ganze Weekend waren 90 Persounen am Asaz fir dass alles um Site klappt. Den Erfolleg vun dëser Zesummenaarbecht schwätzt fir sech: obwuel dëst Joer de LOF Oldtimer Télévie Tour net um Vintage ukomm ass ware méi wei 700 Gefierer um Site an och vill Visiteuren hunn erëm vum Oldtimerbus profitéiert deen Navette gefuer ass vum Visiteursparking an den Zentrum. Et sinn och all Joer ëmmer méi Cluben déi mat hire Memberen ee Stand hunn um Vintage an dat ass wierklech super flott. Esou gesäit een emol wei vill Oldtimer-, Trakter-, a Motoradscluben mir hei am Land hunn.

Mir haten dëst Joer fir déi éischte Kéier ee Stand um Vintage an et huet eis enorm gutt gefall: eng flott Ambiance mat all deenen anere Cluben, vill interessant Gespréicher a vill Verkafsstänn mat Ersatzdeeler an awer och néien oder selwer gemaachte Saachen.

Mir si sécher nächst Joer erëm dobäi a soen jidderengem vun der Organisatioun, a besonnesch dem Guy Laroche ee ganz grousse Merci fir dee schéine Weekend an hiert Vertrauen an eise Club.