· 

Matchbox Musée Hinkel

Deen éischte Stopp um Oldtimerday 2019 huet eis op Hénkel an Enneschtduerf an de Matchboxmusée gefouert. Scho vu bausse gesäit een dass et sech bei dësem Reienhaus net em een normaalt Haus handelt, metalle Schëlter un der Hauswand, eng al Telefonskabinn, vill Holz an Oldtimer am Haff. Dëse Musée ass quasi ee Familljebetrib a gläichzäiteg och Haus wou ganz Famill dra wunnt: de Jang, seng Fra Meg an hiert Meedchen Alana. Dat ass och de Grond wisou dëse Musée just op Rendezvous seng Dieren opmécht.

Wei mir ukomm si krute mir virun der Dier scho vum Jang senger Fra ee puer Detailer iwwert de Musée an Haus: zënter 1980 sammelt de Jang elo scho Matchboxautoen an seng Fra sammelt al bleeche Kichelcherskëschten an esou ass Iddi entstanen Haus aus dem 17ten Joerhonnert ëmzebauen an ee Stack drop ze setze fir do all Sammlerstécker ënner ze kréien. Mir hunn missten en bësse waarden iert mir eran duerfte well et relativ kleng dobannen ass an dowéinst just +/-8 Persoune mateneen dobanne kenne sinn. Wei et dunn un eisem Tour war si mir erop op deen éischte Stack gaange wou Alana op eis gewaart huet: an dem Raum dee gläichzäiteg och der Famill hir Stuff ass fënnt ee Fligeren, ee klenge Matchboxauto Shop a Fligeren. Nach ee Stack méi héich huet de Jang eis dunn empfaangen an eis en puer flott an interessant Geschichten iwwert seng Autoen gezielt mee doriwwer verrode mir iech elo näischt dat muss hien iech selwer erzielen. Ee Besuch beim Jang a senger Famill lount sech op alle Fall, ech mengen esou ee Musée gëtt et nëmmen emol op der Welt. Mir hunn iech en puer Fotoe matbruecht déi awer bei wäitem net aussoe wei flott et bei der Famill ass. Wann dir wëllt bei de Jang an de Matchboxmusée kucke goen mëllt iech einfach iwwert FB Matchboxmusée oder beim Jang um Handy 621 181 115. Mir soen MERCI fir dee flotte Moien a komme secher nach emol an de Musée.

 

Matchbox facebook