· 

LOF Autokino

Zesumme mam Autokino Mamer huet LOF de Sonnden 28.06 een Oldtimer Kinosowend organiséiert. Mam Film "the Great Race" gouf um 21.00 Auer op der grousser Kinoleinwand um Parking vum Bauhaus ee richtege Klassiker gewisen. Eng Ronn 40 Young an Oldtimer haten sech Ticketen geholl. Léit goufen opgeruff sech passend zu hirem Gefier unzedoen a verschiddener sinn dëser Invitatioun och no komm wéi dir op eise Fotoen kënnt gesinn.

 

www.lof.lu