· 

Autokino um Glacis

Ënnert dem Motto "D'Stad lieft" war den Donneschden 30 Juni am Autokino um Glacis ee besonneschen Owend fir all Oldtimerbesëtzter geplangt. Zesumme mat der LOF an der Cinémathèque ass de Klassiker "Le Gendarme de Saint-Tropez" op der grousser Leinwand gespillt ginn. Den Owend war ausverkaaft wann och net nëmme vun Oldtimerfuerer mee déi éischt Reie waren exclusiv fir déi aal Gefirer reservéiert. An souguer de Gendarme de Saint Tropez mat senger Nonn aus dem Film waren op Platz kucke komm, genausou wei eis fréier Gendarmerie mat hiren ale Gendarmeriegefirer. Iesse konnt een niewent dem Kino am Food Village a mir haten ee ganz flotten Owend wei dir op eise Fotoe kënnt gesinn.

 

www.lof.lu 

www.vdl.lu/cinematheque