· 

Collection de Voitures Anciennes de S.A.S.

Natierlech dierfen och Oldtimer an eiser Vakanz net feelen an dofir si mir Freides de 4 September op Monaco an de Musée "Collection de Voitures Anciennes de S.A.S." gefuer. Dës exklusiv Autossammlung gehéiert dem Prënz vu Monaco dee schonn zënter de 50er Joren Raritéite sammelt.
Méi wéi 100 Gefierer erzielen Geschichte vum Fürstentum: Päerdskutschen, Staatskarossen vum Prënz Rainer III, de Lexus vun der Fürtsenhochzäit 2011, Vakanzenautoen, eng Ferrari Kollektioun an awer och Formel1 Boliden a Rennautoen vun der Rallye vu Monte-Carlo.
Zënter 1993 kann jiddereen dës flott Ausstellung op der "Terrasses des Fontvieille" bestaune goen wou een op 5000 m2 vill rar Gefierer fënnt: mir hunn iech en puer Impressioune vu Monaco matbruecht.

 

www.mtcc.mc/