· 

Friendship Classic car meeting

Ee klengt familliärt Treffe war de Freiden den 11.09 zu Bartreng am Restaurant Boonchu zu Bartreng organiséiert vum Pit an Raphaël. Ënnert dem Motto "Friendship Classic Car Meeting" haten sech Oldtimerfrënn getraff fir ee schéinen a relaxen Owend mateneen ze verbréngen. Mir waren natierlech och op der Platz fir Fotoen ze maachen. Duerno hu mir den Owend op der Terrasse vum Boonchu mat Live Musek, gudde Gespréicher a cooler Ambiance ausklénge gelooss.