· 

Auto Kierfecht Kyrkö Mosse

Wei mir am November an Schweden an Vakanz waren, huet natierlech een Besuch op deenen 2 gréissten Auto Kierfechter net dierften feelen. Als éischt waren mir nieft der Uertschaft Ryd op den Auto Kierfecht „Kyrkö Mosse“. Op engem klengen Parking matzen op enger Landstrooss fënnt een den Agang zu dëser historescher an mystescher Rees duerch Zäit. Am Bësch fënnt een méi wei 100 Gefierer bei deenen een net emol méi erkennt em wei eng Autosmark et sech handelt. Wann een dem Wee nogeet reien sech lenks an riets Oldtimerwracken awer vill vun hinnen versenken elo schonn an dem morrasteschem Buedem, den Kierfecht ass bis 2050 Weltkulturerbe well en dovun aus geet dass bis dohinner Natur all Autoen verschlongen huet. Den fréieren Besëtzer vun dësem Terrain war den Äke, hien ass 1914 gebuer an huet an den 50er Joren seng Garage am Bësch opgemaach. Nieft dem Äke senger Garage war seng Holzhütt wou hien op 12 m2 gelieft huet iert hien 1992 an ee Fleegeheem komm ass an do am Joer 2000 gestuerwen ass. Bis Ufank den 90er Joren hunn Léit him Autoen bruecht déi se net méi wollten an hien konnt se auserneen huelen an Ersatzstécker verkafen, duerno sinn Autoen einfach stoen bliwwen an esou ass dësen Kierfecht entstanen. Dat opfällegsten an gréissten Gefier direkt nieft dem Äke senger Garage ass een Bus aus den 50er Joren. Et gëtt erzielt dass et an den 50er Joren den Schoulbus vun Ryd war. Mir waren bestëmmt 3 Stonnen do an et war einfach aussergewéinlech esou eppes ze gesinn. Mir hunn iech natierlech vill Fotoen matbruecht mee Atmosphär an déi vill Detailer muss een einfach live erliewen also wann dir emol Geleeënheet hutt dann besicht emol een Auto Kierfecht.