2017

2017 · 29.11.2017
RETRO CLASSICS COLOGNE Retro Classics huet dëst Joer déi éischte Keier an der Autostad Köln hier Dieren opgemaach. Flächendeckend ass Retro Classics elo a ganz Däitschland vertrueden.

2017 · 21.11.2017
Euro Racing Show, haut International Motor Show genannt, bléckt op 20 Joer Bestoen zréck. Vum 17 bis den 19 November konnten all Auto- a Motobegeeschtert sech Rendezvous ginn an der Luxexpo um Kierchbierg.

2017 · 15.10.2017
25 Joer Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun an dee lëschte Breakfast vun dësem Joer, besser kann een Oldtimersaison 2017 net ofschléissen. Dat hu sech och déi vill Oldtimerfuerer den Sonnden 15 Oktober geduecht well méi wei 250 Gefierer hate sech zu Niederkour am ZAC Haneboesch II

2017 · 14.10.2017
De Vintage Mustang Club of Luxembourg huet de Weekend vum 14 a 15 Oktober op hiert internationaalt Ford Mustang Meeting agelueden. Um Parking vun den Däichhalen zu Ettelbréck koumen all Mustangfans op hier Käschten

2017 · 01.10.2017
Fir déi éischte Kéier war zu Nidderkuer de Sonnden 1 Oktober den „Retromobile ZAC Haneboesch II“. Et war een erfollegräicht Treffen mat ville Visiteuren a flotten ale Gefierer wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn.

2017 · 24.09.2017
Eng impressionnant Location, exzeptionell Autoen a vill Sonn esou kann een dem Club Automania 57 hiert éischt Treffen am Schlass vu Malbrouck beschreiwen. Méi wei 600 Oldtimer, Youngtimer an Sportsautoen waren am Schlass a ronderëm op den Parkingen a Wisen ausgestallt.

2017 · 17.09.2017
De Sonnden 17 September war deen éischten nationalen Oldtimerday zu Lëtzebuerg. An Liewe geruff gouf dësen Dag vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun LOF. Duerch ganz Land ware vill Veranstaltungen ronderëm al Autoen, Motoen an Trakteren. Sechs verschidde Rallyen an Touren goufen gefuer ..

2017 · 17.09.2017
Et war déi éischte Kéier dass dësen Event am Zentrum vun Stroossen stattfonnt huet. Mat mei wei 450 Gefierer war dëst Treffen ee vollen Erfolleg an och den Rotary Indian Summer an den ACL Hierscht Tour hun een Stop um Stroossen Classics gemaach.

2017 · 17.09.2017
Duerch ganz Land ware vill Veranstaltungen ronderëm al Autoen, Motoen an Trakteren. Sechs verschidde Rallyen an Touren goufen gefuer: de Quadriga Hierschttour mat ale Militärween, AMAL mat hirer Mototour, de Käfer Tour, Rotary Indian Summer, Fiat 500 Rallye Surprise an den ACL

2017 · 17.09.2017
Eise Fazit vum Oldtimerday Lëtzebuerg: eng flott Initiativ mee leider bal onméiglech alles ze gesinn oder iwwerall dobäi ze sinn. Den Depart vum Fiat Rallye Surprise bei der Garage Autopolis war eisen éischte Stop iert mir op de Breakfast vun der LOF gefuer sin. Dëse war dës Kéier an der Peugeot Garage zu Bissen

Mehr anzeigen