2018

2018 · 26.06.2018
Gemeng Steesel a Kooperatioun mat der "Commission Jeunesse-Sports-Loisirs" huet sech fir hire 4ten Young & Oldtimer Day de Sonnden 24 Juni zu Steesel dëst Joer eppes Besonnesches afalen ...

2018 · 25.06.2018
De Sonnden 24 Juni hunn Vintagefrënn vu Munneref zesummen mat der Fondatioun Wonschstär hiren éischten Oldtimermeeting organiséiert. Bei der Sportshal Roll Delles zu Munneref waren den ganzen Dag all Oldtimer, Motorrieder an Trakteren wëllkomm fir ee flotten Dag mateneen ze verbréngen.

2018 · 18.06.2018
Den 2ten LOF Oldtimer Breakfast stoung de Sonnden 17 Juni um Programm. Zesumme mat hirem Partner der Garage „Classic Workshop Luxembourg“ huet Letzeboier Oldtimerfederatioun all Oldtimerfuerer op Déifferdeng invitéiert.

2018 · 15.06.2018
De Sonnden 10 Juni war et endlech souwäit: Stroossen Klassik a.s.b.l. huet zesummen mat hiren Sponsoren deen éischten Stroossen-Klassik Summer Tour organiséiert. Am ganze 47 Oldtimer waren ugemellt an kruten een flotten Tour duerch eist Ländchen an iwwert Grenz duerch Däitschland gebueden. Depart war nom Frühstück an Briefing zu Stroossen beim Fussballterrain. Richtung Saeul, iwwert den Stau, Wolz, laanscht Veianen wou dunn hannert der däitscher Grenz am „Schloss Kewenig“ Mëttegpaus gemaach gouf

2018 · 11.06.2018
De Weekend vum 08.06-10.06 huet den Veteran & Vintage Car Club Luxembourg all seng Memberen invitéiert hiren 50sten Gebuertsdag vum Club ze feieren.

2018 · 20.05.2018
De Sonnden 20 Mee war et endlech erëm souwäit: deen éischten Oldtimer Breakfast vun der LOF stoung um Programm.

2018 · 10.05.2018
Ee feste Bestanddeel an der Lëtzebuerger Oldtimerzeen ass dem „Veteran and Vintage Car Club Luxembourg“ hiren „Tour de dégommage“ fir Oldtimersaison unzefänken. Bei stralendem Sonnenschäin haten sech de Sonnden 06 Mee méi wei 60 Oldtimer bei der Garage Schmit zu Gréiwemaacher.

2018 · 07.05.2018
Eng ronn 30 Fiat 500/600 an 125, summerlech Temperaturen an eng flott Streck duerch Lëtzebuerg an Däitschland waren déi perfekte Mëschung fir dem Fiat 500 Club hire Fréijoerstour.
Lass goung et de Sonnden de Moien 06.05 bei der Garage Autopolis mat engem Frühstück fir gestäerkt un den Depart Richtung Musel ze fueren.

2018 · 30.04.2018
Beim Bistro Quai zu Gréiwemaacher war Sonndes den 29 Abrëll eng méi lass: den Aces Deluxe Car Club huet op hire „Season Opening“ invitéiert. De ganzen Dag konnten Visiteuren an Oldtimerbesëtzer amerikanesch Gefierer bestaunen, Kanner konnten sech op der Spillplaz austoben, eng Live Band huet fir Stëmmung gesuergt an och en puer Verkafsstänn waren do.

2018 · 23.04.2018
Dëst Joer war Gemeng Beetebuerg ee vu fënnef „Centre de promesses“ fir den Télévie. An dem Kader haten mir als Old-Rides.lu a.s.b.l. spontan ee klengt Oldtimermeeting zu Beetebuerg am Schoulhaff organiséiert.

Mehr anzeigen