2019

2019 · 30.12.2019
Mir hunn iech als Ofschloss vun dësem Joer nach eppes aus der Vakanz matbruecht. Mir waren elo am Dezember op Dubai an do ass jo alles bëssen anescht ewéi hei, souguer Tankstellen op den Autobunnen. Mir ware fir iech een "Last Exit" kucken an hunn iech en puer Impressiounen dovu mat op Lëtzebuerg bruecht.

2019 · 20.10.2019
Deen lëschten Afterwork vun der Saison war de Freiden 18 Oktober zu Leideleng bei Capital at Work an engem geheitsten Zelt. An wei soll et anescht sinn wann de Pit eppes organiséiert: déi puer Stonne vum Afterwork huet et tatsächlech opgehale mat Reenen a souguer Sonn koum eraus fir Oldtimer Saison ofzeschléissen. De Foodtruck "Amore al Dente" huet dofir gesuergt dass keen hongereg heem gaangen ass.

2019 · 14.10.2019
"The '69 turns 50", ënnert dem Motto huet de Vintage Mustang Club of Luxembourg hiren internationale Meeting de Weekend vum 12 bis den 13 Oktober stattfonnt.

2019 · 02.10.2019
Bibi`s Garage zu Audin-le-Tiche huet och dëst Joer eng Porte Ouverte mat engem Treffen organiséiert. Ee Konzept wat all Joer bei deene ville Participanten a Visiteure gutt ukënnt: haaptsächlech amerikanesch Oldtimer, Burger, Verkafsstänn, Drénken a Musek just den Numm war dëst Joer anescht: Bibi`s Garage Open Doors#1.

2019 · 29.09.2019
Et war eent vun den Highlighte vum Oldtimerday 2019: de Revival vum Oldtimer Grand-Prix um Findel. Sonndes Mëttes zweschend dem Neiduerf an dem Findel war et ewéi fréier: op der aler Rennstreck goung et awer dës Kéier net em Schnellegkeet mee em Präzisioun. Op verschiddene Kontrollpunkten huet ee missten esou genau ewéi méiglech un déi gefroten Zäit erun kommen.

2019 · 27.09.2019
Et war net déi éischte Kéier dass de Georges Carbon een Oldtimertreffen op sengem super flotte Site zu Dummeldeng gemaach huet an hoffentlech och net fir lëscht.

2019 · 24.09.2019
Och den APL Auto Parts vun Zéisseng huet beim Oldtimerday 2019 matgemaach a spontan de Samschden 21.09 ee klengt Treffen organiséiert. Vun 14 bis 16 Auer huet Geschäft seng Dieren opgemaach an Participanten krute Kuch, Kaffi a Gedrénks offréiert. Mir waren och bis bei den APL an nach vill anerer haten Invitatioun ugeholl wei dir op eise Fotoe kënnt gesinn.

2019 · 23.09.2019
Mir hunn lëscht Joer um Oldtimerday de Musée A-Possen kenne geléiert an et huet eis enorm gutt gefall. Dofir war et fir eis kloer och dëst Joer hir Mobyletten Ausstellung fir den Oldtimerday 2019 kucken ze goen.

2019 · 23.09.2019
Deen éischte Stopp um Oldtimerday 2019 huet eis op Hénkel an Enneschtduerf an de Matchboxmusée gefouert. Scho vu bausse gesäit een dass et sech bei dësem Reienhaus net em een normaalt Haus handelt, metalle Schëlter un der Hauswand, eng al Telefonskabinn, vill Holz an Oldtimer am Haff.

2019 · 20.09.2019
Nieft dem Stroossen Classics gouf et dee lëschte Weekend awer nach ee grousst Treffen am Süde vum Land: de Retro-mobile am Haneboesch zu Déifferdeng.

Mehr anzeigen