Retro-Mobile
2024 · 22.09.2024
De Retro-Mobile am Haneboesch zu Nidderkuer war och dëst Joer e vollen Erfolleg. De Sonnden 22.09 waren iwwer 300 Gefierer zesumme komm fir bei wonnerschéinem Wierder ee flotten Dag zesummen ze verbréngen. Den BMW Club Lëtzbuerg war souguer mat méi wei 20 Oldtimer a Youngtimer vertrueden.

LOF Oldtimer Breakfast by Marc Pesch
2024 · 18.09.2024
Dëst Joer, de 15 September, huet den zweete Breakfast beim Marc Pesch s.a.r.l. an hirem Atelier zu Käerjeng op en neits fir Opmierksamkeet gesuergt. No dem grousse Succès vum vergaangene Joer, wou den Atelier fir d'éischte Kéier an e Breakfast gemaach huet, war d'Erwaardung héich – an och dëst Joer goufen d'Léit net enttäuscht.

80 Joer Fräiheet !
2024 · 17.09.2024
Et ass elo 80 Joer hier, dass Beetebuerg no Joeren vun Ënnerdréckung d'Fräiheet erëmkritt huet. Den 11. September 1944 huet d'amerikanesch Arméi Beetebuerg befreit a fir dëst historescht Evenement ze gedenken, hat Gemeng Beetebuerg Militärween gefrot fir un de Festlechkeeten deelzehuelen, déi vum 13. bis de 15. September 2024 bei der Kierch zu Beetebuerg organiséiert goufen.

34. US Car Festival by American Roadrunners Luxembourg
2024 · 16.09.2024
No enger Paus vu 4 Joer war dëst Joer endlech erëm den Us Car Festival zu Stadbriedemes. Op dem wonnerschéine Site laanscht Musel haten Road Runners de Weekend vum 14 a 15 September all amerikanesch Gefierer op e flotte Festival invitéiert. Den Entrée war gratis a Visiteuren a Participante krute vill gebueden:

Schengen Marina Classic Car Event
2024 · 12.08.2024
Den 11 August war am Hafe vu Schwéidsbeng fir déi éischte Kéier den "Schengen Marina Classic Car Event". Zesumme mat der Gemeng Schengen huet den Nautic'Ham Classics by JPR Classic Car Events ee super flott Treffen organiséiert. Platz wou fréier ëmmer ee Camping war gëtt elo vun der Gemeng genotzt fir speziell Eventer ze organiséieren.

Vintage Cars & Bikes Steinfort
2024 · 08.08.2024
Et ass mëttlerweil bei jidderengem bekannt dass den éischte Weekend am August zu Stengefort de Vintage Cars & Bikes vun de Mechanical Freaks stattfënnt. Wierder huet dëst Joer den 3 a 4 August och matgespillt obwuel et Sonndes Moies op eisem Stand bëssen naass ginn ass. Op deenen zwee Deeg verdeelt waren ongeféier 600 Oldtimer um Site an och vill verschidde Verkafsstänn.

Classic Day Berbourg
2024 · 30.07.2024
De Sonnden 28 Juli war zu Berbuerg déi zweet Editioun vum Classic Car Day Berbuerg. Ronderem de Centre Beaurepaire waren Oldtimer a Youngtimer ausgestallt. E puer Verkafsstänn a Catering hunn och net dierfte feelen. Eng 200 Gefierer waren den Dag iwwer do an den CVC Berbourg huet alles gutt organiséiert. Vill Spaass mat eiser Fotoreportage.

Hullabaloo at the Lake
2024 · 08.07.2024
Et war déi éischte Kéier dass den RMF (Recycled Motorized Force) den Hullabaloo at the Lake organiséiert huet. De Weekend vum 05-07 Juli waren all Hotrod, Kustom Cars, Harley & Indian Showcase Fans aus ganz Europa hei vir a Frankräich op de Camping Malling invitéiert fir ee flotte Weekend mateneen ze verbréngen.

Grand Prix de Bettembourg
2024 · 30.06.2024
Den éischte Samschden am Juli ass fest reservéiert fir de Grand Prix de Bettembourg, organiséiert vum Lions Club Luxembourg an dem Sporting Club Luxembourg. De klenge Rallye deen nëmme Samschdes Mëttes stattfënnt fir all Sportcars, Oldtimer a Youngtimer ass ëmmer komplett ausgebucht.

Afterwork by Lio's Burger
2024 · 29.06.2024
De Freiden 28.06 war zu Walfer bei eisem Sponsor Lio's Burger deen éischten Afterwork vun der Saison. Och 2024 schéngt Konzept vum Afterwork mat leckere Burgeren, live Musek an dës Keier och mam Foodtruck Amore al dente opzegoen: vill Autobegeeschterter hunn sech niervt der Q8 getraff fir e relaxen Owend bei schéinem Wierder mateneen ze verbréngen. Mir waren och bei de Lio an hunn iech e puer Fotoe matbruecht.

Mehr anzeigen