Artikel mit dem Tag "LOF"



2018 · 23.10.2018
Als Ofschloss vun der Oldtimersaison goung et dëst Joer an Uelzechtstrooss bei Maison de Coiffure et de Beauté ByTun fir ee lëschte gemeinsame Breakfast fir dëst Joer mateneen ze verbréngen.

2018 · 20.08.2018
Et war kloer dass och dee 4ten LOF Oldtimer Breakfast ee risegen Erfolleg géif ginn an esou hunn sech de Sonnden 19 August méi wei 200 al Gefierer op de Wee bei Oldtracter Steinfort gemaach fir zesummen ee schéine Moien ze verbréngen.

2018 · 06.08.2018
Wei déi lëscht Joren huet LOF hiren Oldtimertour fir den Télévie organiséiert. Op verschidde Platzen am Land konnt een sech Stempele sichen fueren an Arrivée vun dësem Tour war Samschdes Mëttes um „Vintage Cars & Bikes Stengefort“. Am ganze waren 190 Oldtimer matgefuer a mir hunn iech Fotoen vun der Arrivée zu Stengefort an eng Galerie gesat.

2018 · 17.07.2018
Mir hunn fir deen 3ten Oldtimer Breakfast vun der Saison net wéit misste fueren: LOF an hire Partner 'SIX Financial Information’ ware bei eis am Duerf an der Industriezone zu Leideleng op Besuch.

2018 · 18.06.2018
Den 2ten LOF Oldtimer Breakfast stoung de Sonnden 17 Juni um Programm. Zesumme mat hirem Partner der Garage „Classic Workshop Luxembourg“ huet Letzeboier Oldtimerfederatioun all Oldtimerfuerer op Déifferdeng invitéiert.

2018 · 20.05.2018
De Sonnden 20 Mee war et endlech erëm souwäit: deen éischten Oldtimer Breakfast vun der LOF stoung um Programm.

2018 · 11.03.2018
Zum Optakt vun der Oldtimersaison war de Weekend vum 10 an 11 Mäerz den Autojumble an der Luxexpo the box. Vill Veräiner, Garagen, Händler a Cluben hunn Geleeënheet genotzt sech ze presentéieren an hier al Gefierer auszestellen. LOF als Organisateur hat dëst Joer eng speziell Ausstellung op hirem Stand mat 11 Dino Oldtimer an och mir haten ee Stand fir den Visiteuren eis a.s.b.l. virzestellen. Mir soen op dësem Wee all eise Supporteren an eise Sponsoren, VIP Station, LL Classic Cars,...

2017 · 15.10.2017
25 Joer Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun an dee lëschte Breakfast vun dësem Joer, besser kann een Oldtimersaison 2017 net ofschléissen. Dat hu sech och déi vill Oldtimerfuerer den Sonnden 15 Oktober geduecht well méi wei 250 Gefierer hate sech zu Niederkour am ZAC Haneboesch II

2017 · 17.09.2017
De Sonnden 17 September war deen éischten nationalen Oldtimerday zu Lëtzebuerg. An Liewe geruff gouf dësen Dag vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun LOF. Duerch ganz Land ware vill Veranstaltungen ronderëm al Autoen, Motoen an Trakteren. Sechs verschidde Rallyen an Touren goufen gefuer ..

2017 · 17.09.2017
Duerch ganz Land ware vill Veranstaltungen ronderëm al Autoen, Motoen an Trakteren. Sechs verschidde Rallyen an Touren goufen gefuer: de Quadriga Hierschttour mat ale Militärween, AMAL mat hirer Mototour, de Käfer Tour, Rotary Indian Summer, Fiat 500 Rallye Surprise an den ACL

Mehr anzeigen