Artikel mit dem Tag "classic"



2020 · 12.09.2020
Ee klengt familliärt Treffe war de Freiden den 11.09 zu Bartreng am Restaurant Boonchu zu Bartreng. Ënnert dem Motto "Friendship Classic Car Meeting" haten sech Oldtimerfrënn getraff fir ee schéinen a relaxen Owend mateneen ze verbréngen.

2019 · 30.12.2019
Mir hunn iech als Ofschloss vun dësem Joer nach eppes aus der Vakanz matbruecht. Mir waren elo am Dezember op Dubai an do ass jo alles bëssen anescht ewéi hei, souguer Tankstellen op den Autobunnen. Mir ware fir iech een "Last Exit" kucken an hunn iech en puer Impressiounen dovu mat op Lëtzebuerg bruecht.

2019 · 06.06.2019
Wei all Joer op Christi Himmelfaart huet den ACL hire Classic Tour duerch eist Land a Grenzregioun organiséiert. Start fir all Gefierer war Moies beim ACL zu Bartreng wou och vill Visiteuren Autoe bestaune konnten. Um 08.30 Auer goufe Participante vum Ed Goedert gebrieft, kruten den Dagesoflaf erkläert an den Tour kuerz beschriwwen iert et dunn um 09.00 Auer un de Start gaangen ass.

2019 · 17.01.2019
Een éischte Virgeschmaach op Oldtimersaison 2019 war de Weekend vum 10-13.01 zu Maastricht am MECC: déi 26ten Editioun vun der InterClassics Maastricht. Eng vun deene gréissten Oldtimerfoiren aus Europa huet och dëst Joer erëm iwwert 32.000 Visiteuren empfaangen.

2018 · 20.09.2018
Dat wuel gréissten Treffen um Oldtimerday war natierlech déi zweet Editioun vum Stroossen Classics. Ënnert der Organisatioun vum Veräin Strossen Klassik huet sech den Duerfkär vu Bartreng an ee wonnerschéinen Oldtimerparkplatz verwandelt.

2017 · 24.09.2017
Eng impressionnant Location, exzeptionell Autoen a vill Sonn esou kann een dem Club Automania 57 hiert éischt Treffen am Schlass vu Malbrouck beschreiwen. Méi wei 600 Oldtimer, Youngtimer an Sportsautoen waren am Schlass a ronderëm op den Parkingen a Wisen ausgestallt.

2017 · 17.09.2017
De Sonnden 17 September war deen éischten nationalen Oldtimerday zu Lëtzebuerg. An Liewe geruff gouf dësen Dag vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun LOF. Duerch ganz Land ware vill Veranstaltungen ronderëm al Autoen, Motoen an Trakteren. Sechs verschidde Rallyen an Touren goufen gefuer ..

2017 · 17.09.2017
Et war déi éischte Kéier dass dësen Event am Zentrum vun Stroossen stattfonnt huet. Mat mei wei 450 Gefierer war dëst Treffen ee vollen Erfolleg an och den Rotary Indian Summer an den ACL Hierscht Tour hun een Stop um Stroossen Classics gemaach.

2017 · 25.05.2017
Zenter 17 Joer organiséiert den ACL op Christihimmelfahrt hiren ACL Classic Tour duerch Lëtzebuerg. Dëst Joer waren 122 Young- an Oldtimer ugemellt fir een Tour duerch ganz Land ze maachen. Moies ass et lass gaangen zu Bartreng beim ACL wou jidderee Kaffi, eng Mëtsch an och „Roadbook“ krut.

2016 · 05.05.2016
Déi 16ten Editioun vum ACL Classic Tour wor en Tour an der Groussregioun Lëtzebuerg vun 260 km mat 120 aalen Autoen um Depart. Deen eelsten Auto dëst Joer war ee Bugatti vun 1937.